Nodeems den Theater Tréier elo am Juni a Juli mat Open-Air-Manifestatiounen nees an engem eenegermoosse gereegelte Betrib ass, gouf och d'Saison 2021/2022 presentéiert. Den Theater Tréier ass een Dräi-Sparten-Haus mat Schauspill, Musekstheater a Ballet, proposéiert dernieft awer och vill Programmer, déi sech un e jonke Public adresséieren a Concerten mam Orchester vun der Stad Tréier.
arrow_back_ios