Klassik aktuell
"Mir wollten e bëssen aner Weer goen - eege Weer "
Musek, Molerei, Danz a Video: Am Théâtre National du Luxembourg (TNL) sinn all dës verschidde Konschtformen an engem Projet vertrueden. Mee net nëmmen: Niewent dëser Renconter steet och eng tëschent zwou Kulturen op der Affiche. Ënner dem Titel "Begegnungen" proposéiert d'animato ASBL den 12. an den 13. Juli am TNL eng Opféierung, an där d'Musek de roude Fuedem ass, deen all dës Elementer verbënnt. Niewent de Kläng vun enger arabescher Oud interpretéiert den Ensembel United Instruments of Lucilin Musek vum Camille Kerger.
Wéi eng Ziler huet d'animato ASBL? Wat ass d'Konzept hanner dem Projet "Begegnungen"? Doriwwer huet de Luc Boentges mam Komponist Camille Kerger a mam Dramaturg Andreas Wagner geschwat.