arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musek als Mëttel vu kierchlecher Muecht
Grad wéi d'Architektur an d'Konscht war och d'Musek an der Renaissance e wichtegt Mëttel vu Representatioun vu Muecht - vu weltlecher Muecht awer och vun der Muecht vun de Peepst zu Roum. Et ass net fir näischt, datt grad am 16. a 17. Joerhonnert déi dichtegst europäesch Komponisten am Déngscht vun der Kurie stoungen. Déi Meescht vun hinne waren esouguer als Geeschtlech geweit - och de Josquin des Prés - hu sech awer dacks net ganz kathoulesch beholl.