Klassik aktuell
D'Fräiheet vum Ausdrock steet iwwer allem
"Die tonale Welt ist also unser Sonnensystem, dem Obertongesetz der schwingenden Materie gehorsam, dem Gesetz der rationalen Zahlenreihe. Doch gibt es ja nicht bloß ein einziges Sonnensystem, sondern viele, die nun alle von der Eigenbewegung jeder anderen mitbestimmt werden."
Dëst schreift net den Arnold Schönberg, mee de Josef Matthias Hauer a senger Publikatioun "Die Harmonie der Sphären". Den Hauer, ee Wiener Komponist an Theoretiker, huet säi System gläichzäiteg an onofhängeg vum Schönberg senger Zwieleftounmusek entwéckelt. Um Enn huet de Schönberg sech duerchgesat an d'Fëllement fir déi éischt Wiener Schoul geluecht. Hien huet sech ëmmer als Mann vun der Praxis gesinn a senge Schüler geroden, selwer ze sichen, net no Theorien ze fueren. D'Fräiheet vum Ausdrock steet fir den Arnold Schönberg, deen haut viru 70 Joer, den 13. Juli 1951, gestuerwen ass, iwwer allem.