arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Ech hu gehofft, datt näischt géif dertëschent kommen"
E Sonndeg, den 18. Juli trëtt d'Pianistin Cathy Krier am Kader vum Festival Echerlive am Trifolion op. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vun de Komponisten Alexander Müllenbach, Joseph Haydn a Sergei Prokofjev. Dëst ass just ee vun direkt enger ganzer Rei Projeten, déi d'Pianistin den Ament realiséiert.
Wéi fillt et sech un, no enger erzwongener Paus, nees esou richteg kënne lasszeleeën? Wéi stellt een de Programm fir esou e Recital zesummen? Froen, déi d'Cathy Krier am Interview beim Luc Boentges beäntwert.