Klassik aktuell
Den Amstel Quartett op der Musel
Si spille Renaissance bis hin zu Kläng vun eiser Géigewaart, vu Weltmusek, Musek mat Jazzflair hin zu minimalistesche Grooves. Den Amstel Saxophonsquartett ass zanter Joren an all Genre a Repertoire doheem. Vu datt de Saxofon am 19. Joerhonnert eréischt erfonnt gouf, scheit den Amstel Quartett net, Transkriptioune vu klassesche Wierker bis hin zu zäitgenëssescher Musek extra fir dëst Instrument ze bestellen.
Am Kader vum Mosel Musikfestival ass den Amstel Quartett gläich zweemol ze héieren, de 16. Juli am Schlass Föhren an den 18. Juli op dem Muselschëff River Bär.
De Manuel Ribeiro huet mam Olivier Sliepen geschwat.