Klassik aktuell
Den Amstel Quartett op der Musel
Si spille vu Renaissance bis bei Kläng vun haut, Weltmusek, Musek mat Jazzflair minimalistesch Grooves: Den Amstel Saxophonsquartett ass zanter Joren an all Genre a Repertoire doheem. Well de Saxophon eréischt am 19. Joerhonnert entwéckelt gouf, scheit den Amstel Quartett net, Transkriptioune vu klassesche Wierker bis hin zu zäitgenëssescher Musek an Optrag ze ginn. Am Kader vum Mosel Musikfestival ass den Amstel Quartett elo zweemol ze héieren: de 16. Juli am Schlass Föhren an den 18. Juli op dem Muselschëff "River Bär". De Manuel Ribeiro huet mam Olivier Sliepen, Member vum Amstel Quartett, geschwat.