Klassik aktuell
De Papa Czenry
Sergei Prokofiev, Claudio Arrau, Daniel Barenboim, Van Cliburn, a Sergei Rachmaninoff: Si all hunn eppes gemeinsam. Hire musikalesche Stammbam vu Proff- a Schülerrelatioun geet zeréck bis bei de Ludwig van Beethoven, an iwwer hie souguer bis bei de Joseph Haydn. Datt dës Linn bis haut ka gezu ginn, hänkt ënnert anerem mam drëtte Personnage an dësem Stammbam zesummen: Dem Carl Czerny. Als Schüler vum Beethoven an als unerkannte Pianosproff huet hien eng ganz Generatioun vun neie Pianisten ausgebilt. De Carl Czerny ass haut (15.07.2021) viru genee 164 Joer gestuerwen - Grond genuch fir de Luc Boentges, an d'Roll vun engem musikaleschen Ahnenforscher ze klammen.