arrow_back_ios
Klassik aktuell
Destinatioun Ferrara
Am Joer 1503 engagéiert den Ercole d'Este vu Ferrara de Josquin des Prés als Maestro di Capella. Den Ercole war e kulturell interesséierte Mënsch. Hien huet Ferrara architektonesch opgefrëscht an d'Stad mat breede Stroossen an aneren Infrastrukture moderniséiert. Och musikalesch war Ferrara déi Zäit eng wichteg Plaz - allerdéngs huet et net richteg fonctionéiert tëschent dem Prënz Ercole a sengem Kapellmeeschter Josquin, dee schonn no engem Joer nees virun Dier gesat gouf.