Mat senger éischter Victoire vum Tour de France avancéiert den Nicolas Frantz zum zweete Lëtzebuerger, nom François Faber, deen den Tour duerch Frankräich gewënnt. 1928 sollt him deen Exploit nach eemol geléngen. Hien huet dat Joer dee Gielen Trikot vun der éischter bis déi lescht Etapp op senge Schëllere gedroen. Hien ass domat bis haut ee vun de ganz wéinege Cyclisten, deenen dat gelongen ass. Den Nic. Frantz stoung bei senge Participatiounen am Tour de France am Ganzen 51 Mol um Podium, 20 Mol als Éischten, 18 Mol als Zweeten an 13 Mol als Drëtten.
arrow_back_ios