Klassik aktuell
Psycho - Fantasie über das kalte Entsetzen
"Psycho" ass wuel ee vun deene spannendste Psychothriller, déi den Alfred Hitchcock nom Roman vum Robert Bloch gedréint huet. De Schauspiller Matthias Brandt ass virun ronn zéng Joer un de Pianist Jens Thomas erugetruede, fir aus "Psycho" e klengt Bünespektakel ze maachen. All Optrëtt vu "Psycho - Fantasie über das kalte Entsetzen" ass anescht, well béid Kënschtler improviséieren. E Freideg, 23. Juli, ass am Kader vun der Kammermusiktage Mettlach am Zeltpalast um 19.00 Auer eng weider Virstellung vun dësem "Psycho" an der Versioun vu Brandt a Jens. De Manuel Ribeiro huet mam Pianist a Sänger Thomas Jens geschwat.