Klassik aktuell
"Here the muses speak together with the guns"
"Wenn zwei sich streiten, freut sich der Dritte" - dat däitscht Spréchwuert kéint een an enger liichter Variatioun op prominent amerikanesch Dirigenten an de 40er Joren iwwerdroen. De Leopold Stokowski, den Artur Rodzinski an de Serge Koussevitzki ware bedeitend Schostakowitsch-Interpreten an haten iwwer d'BBC déi nei Symphonie, déi Leningrader, héieren. Jiddweree wollt elo déi amerikanesch Première hunn. Um Enn haten den Arturo Toscanini an den NBC Orchestra d'Rechter un der Partitur längst an der Täsch. Iwwer seng exzellent Verbindungen hat den Toscanini schonn am Januar 1942 iwwer Moskauer Korrespondenten d'Opféierungsrechter ugefrot. Den 19. Juli 1942 dirigéiert den Toscanini déi US-amerikanesch Première zu New York.