Klassik aktuell
Representant vun der klassesch-romantescher Traditioun
Den 19. Abrëll 1908 kënnt zu Karlsruhe de Joseph Keilberth op d'Welt, deen exakt 14 Deeg méi jonk ass wéi den Herbert von Karajan. Et sinn net nëmmen déi zwou Alterswochen, déi béid Dirigenten ënnerscheeden, et si Welten, déi tëschent béide Charaktere leien. Op där enger Säit de Pultstar a Weltmann, op där anerer Säit ee ganz onopfällege Meeschter vum Fach, deen den däitschen, spéitromantesche Repertoire gefleegt huet mat Zäitgenosse wéi Richard Strauss, Hans Pfitzner a Paul Hindemith. De Joseph Keilberth war och e bedeitende Wagner-Interpret. Hien ass den 20. Juli 1968 wärend enger "Tristan"-Opféierung zu München gestuerwen.