Fir de fënneften Dag vum Echterlive steet muer Donneschdeg (22. Juli 2021) Kammermusek um Programm. Den Acelga Quintett spillt um 21:00 Auer e Programm mat Wierker vum Anton Reicha a Ludwig van Beethoven. Virdrun proposéiert den Duo Isabelle Trüb an Niall Brown e Programm mat Wierker fir Cello a Piano. De Manuel Ribeiro huet mam Niall Brown, Cellist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, geschwat.
arrow_back_ios