Klassik aktuell
Deen aneren Hollywood-Komponist
Nieft John Williams oder James Horner gehéiert de Jerry Goldsmith zu de groussen Hollywood-Filmkomponisten aus der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Wéi seng Kolleegen sollt och hien een typesche klassesche Museksstudium maachen, éier hien an d'Goldminn Hollywood geet. Dem Jerry Goldsmith seng Musek ass schwéier ze kategoriséieren. Jee no Film ka se abstrakt an atonal ausfalen, feierlech a melodesch oder mat elektronesche Kläng iwwerluede sinn. Dem Goldsmith war et wichteg, déi passend Stëmmung zum Bild op Mooss ze schreiwen. De Jerry Goldsmith ass den 21. Juli 2004 am Alter vu 75 Joer gestuerwen. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Komponist.