Klassik aktuell
Zwee Debuten
D'lescht Joer waren d'Bayreuther Festspiller ofgesot ginn, an et war laang net kloer, wéi et 2021 mam Festival um legendäre Gréngen Hiwwel wier. Den 30. Abrëll huet de Verwaltungsrot vun de Richard-Wagner-Festspiller decidéiert, datt et en nächste Sonndeg (25. Juli 2021) zu Bayreuth nees lassgeet - natierlech mat engem strenge sanitäre Konzept. Zwee Dirigenten-Debute gëtt et dëse Summer: de Pietari Inkinen, Chef vun der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, dirigéiert d'"Walküre", a mat der Oksana Lyniv ass fir d'éischte Kéier eng Dirigentin an der Fosse vu Bayreuth ze erliewen.