Klassik aktuell
Een europäesche Kulturzentrum am spéide Mëttelalter
Zanter 1471 war Ferrara een Duché, dee sech am Laf vun de Joren zu enger vun de bedeitendsten Herrschaften an Italien entwéckelt huet. Besonnesch den Duc Ercole II. huet Ferrara zu engem wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum gemaach. Katholiken, Protestanten a Judde ware gläichermoossen toleréiert, wat och vill Denker a Schrëftsteller an d'Stad gelackelt huet - wéi de Jean Calvin. Och musikalesch war Ferrara eng europäesch Héichbuerg - dat schonn ënner dem Duc Ercole I. an deem sengem Hausensembel och de Josquin des Prés engagéiert war.