Kultur
Dem Christoph Wiesner seng Programmatioun fir Arles
Am Hierscht 2020 huet den däitsche Museolog Christoph Wiesner relativ kuerzfristeg d'Leedung fir déi renomméiert Rencontres de la photo d'Arles iwwerholl. Säi Virgänger Sam Stourdzé war zum Direkter vun der Villa Medici zu Roum ernannt ginn. E Posten, deen hien no der Annulatioun, wéinst Corona, vum Foto-Festival zu Arles, gären akzeptéiert huet. De Walparäisser Christoph Wiesner, dee laang fir Konscht-Galerien täteg war, d'Foire Paris Photo geleet hat, huet ufanks zu Arles, och wéinst Corona, e wéineg an d'Blannt erageschafft. Mee säin éischte Bilan, no der Semaine d'ouverture, dem Kerstin Thalau géigeniwwer, war positiv.