arrow_back_ios
Klassik aktuell
Een Affer vum Éischte Weltkrich
Ee vun deene wichtegste Komponisten aus Spuenien aus der impressionistescher Zäit war den Enrique Granados. Wéi vill vu sengen Kompatrioten huet och hie sech vrun allem un der spuenescher Volleksmusek inspiréiert. De Granados hat nach vill vir, wéi hien 1916, wärend dem Éischte Weltkrich, op enger transatlantescher Rees vun USA a Frankräich stierwe sollt. En däitscht U-Boot huet säi Schëff an englesche Gewässer torpedéiert. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Enrique Granados.