Klassik aktuell
Ee vun deene beléiftsten Dirigenten aus eiser Zäit
Hie war ënner anerem Chefdirigent vun der Scala zu Mailand oder zu Philadelphia an huet nach eng Saison an der selwechter Funktioun mam Chicago Symphony Orchestra. De Riccardo Muti, dee scho sechs Mol den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker dirigéiert huet, ass leidenschaftlech an d'Oper verléift an e Verteideger vun der Musek vum Nino Rota, säi fréiere Professer a Mentor. De Maestro scheit sech och net, seng Meenung ze soen a sech fir d'Kultur anzesetzen. Hien huet déi eng oder aner Kéier fir en ëffentlechen Eclat gesuergt. Haut kritt de Riccardo Muti 80 Joer, an de Manuel Ribeiro gratuléiert.