arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Schrëtt um Wee an eng Musekerkarriär
Normalerweis begéint een dëser Deeg an de Gässele vun Dikrech Museksstudenten - där mat enger Flütt am Rucksak an och där mat Pianospartituren ënner dem Aarm. Dat ass d'Bild vum Forum fir Flütt a Piano an der Sauerstiedchen. Fir déi 33. Editioun gesäit et e bëssen anescht aus. Keng Musek op de Stroossen, keng ëffentlech Concerten - dat hunn de Carlo Jans a seng Ekipp awer net dervun ofgehalen, d'Meeschtercourse wéi gewinnt duerchzezéien - mat international renomméierten Dozenten a 46 Studenten aus 19 Länner.