arrow_back_ios
Kultur
D'Camille Fischer an d'Kapprëselen
Op der fënnefter Triennale jeune création, an de Rotonden an am Casino Lëtzebuerg, presentéiere 40 jonk Kënschtler aus der Groussregioun bis den 29. August Aarbechten zum Theema "Brave New World Order". Dorënner d'Stroossbuergerin Camille Fischer, Joergang 1984, déi zu Antwerpen Moud-Design an zu Stroossbuerg Bijou op der Haute école des arts du Rhin studéiert huet.
D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet d'Camille Fischer an de Rotonden, beim Montage vun hiren zwee Wierker, kennenzeléieren.