arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Die schöne Müllerin" zu Mäerzeg
"Die schöne Müllerin" gehéiert mat der "Winterreise" zu deene bekanntste Liederzykle vum Franz Schubert a generell an der Klassik. Am Kader vun de Musiktage Mettlach ass "Die schöne Müllerin" en nächste Sonndeg, 1. August 2021 um 11 Auer an enger Matinée ze héieren. De Bariton Konstantin Krimmel, dee vun der Saison 2021/22 u Member vum Ensembel vun der Bayreschen Staatsoper ass, trëtt mam Pianist Daniel Heide am Zeltpast zu Mäerzeg op. De Manuel Ribeiro huet mam Konstantin Krimmel geschwat.