Och wann an der Philharmonie iwwer de Summer keng Concerte sinn, gëtt awer nach äifreg geprouft. Fir de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass d'Saison nach net eriwwer. Den Orchester preparéiert sech am Ablack op eng Tournée mat Concerten zu Amsterdam am Concertgebouw, fir d'Ouverture vun der Quinzaine musicale zu San Sebastian an uschléissend fir de Festival zu Santander.
arrow_back_ios