Kultur
De João Freitas proposéiert Partitioune fir en neien Equiliber
Den 1. Juli ass d'Triennale jeune création an de Rotonden an am Casino opgaangen. Dës fënneft Editioun sollt u sech am Summer 2020 speziell grouss gefeiert ginn. Wéinst der Covid-Kris huet d'Expo awer missen op 2021 verréckelt ginn, déi 40 Kënschtler konnten esou laang iwwer eng virtuell Plattform, en Triennale-Internetsite, a Kontakt kommen.
D'Kerstin Thalau huet sech mam João Freitas, ee vun de selektionéierten Artisten, Joergang 1989, deen tëschent Bréissel a Lëtzebuerg lieft a schafft, iwwer den digitalen Ersatz, seng Confinementszäit a seng Triennale-Projeten ënnerhalen.