Den Tour de France 1909 goung an d'Geschicht an als déi Editioun mat de schlechtste Wiederkonditiounen. Et war kal an der éischter Hallschent vum Juli a Frankräich. Duerch de ville Reen waren d'Stroossen opgeweecht, d'Cyclisten hu sech missten duerch de Bulli kämpfen. An an de Bierger huet dunn och nach Schnéi op si gewaart. Vun 150 Vëlosfuerer um Depart koumen der nëmme 55 zu Paräis un. Déi schlëmm Konditiounen hunn dem Lëtzebuerger François Faber näischt ausgemaach. Hie wënnt fënnef Etappen. Op der drëtter Etapp hat hien eng Solo-Echappée iwwer 255 Kilometer a koum op der Arrivée mat enger Avance vun 33 Minutten un. Nieft dëser Victoire war de François Faber 1908 an 1910 deen zweeten am Tour de France.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 112 Joer wënnt de François Faber den Tour de France
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min