Klassik aktuell
D'Uergel vun Diddeleng entdecken
Déi grouss Stahlhuth-Jann-Uergel vun Diddeleng aus europawäit bekannt a gëtt vun de groussen Organiste geschätzt. Iwwermuer Sonndeg (1. August 2021) um 20.00 Auer proposéiert den Organist-Titulaire Alessandro Urbano e Concert mat Explikatiounen, bei deem 30 Nolauschterer direkt um Duxall d'Uergel an hirer ganzer Pracht bewonnere kënnen. Um Programm sti Wierker vu Saint-Saëns, Vierne a Liszt. Den Organist wäert dëse Programm och de 7. August an der Cathédrale Saint-Pierre zu Genf spillen, do wou hie studéiert huet. De Manuel Ribeiro huet den Alessandro Urbano an der Kierch zu Diddeleng getraff.