Klassik aktuell
D'Entwécklung vum Noutendrock
Mam Johannes Gutenberg senger Erfindung vun de beweegleche Lettren an domadder vum Buchdrock gouf natierlech och probéiert, Noute méi effizient ze kopéieren. D'Verbreedung vu Musek war bis dohinner nëmme méiglech duerch d'Ofschreiwen, duerch d'Aarbecht vu Kopisten. Et war och net esou evident, déi ënnerschiddlech Noutenzeechen an déi aner Graphike vun enger Partitur nom Modell vum Gutenberg senge Lettren op eng Maschinn ze bréngen. 1501 bréngt den Ottaviano Petrucci zu Venedeg eng éischt gedréckte Musekssammlung eraus - et ass den Ufank vum Noutendrock an e Komponist, deen direkt dovunner profitéiere kann, ass de Josquin des Prés.