Kultur
Lisa Kohl: Sculptrice tëschent Fotografen
6 min
Fir déi 52. Rencontres de l'image zu Arles ware vu Lëtzebuerger Säit den Daniel Reuter an d'Lisa Kohl selektionéiert ginn, déi elo an der historescher Chapelle de la Charité, zu Arles, hir Aarbechte presentéieren. Der Lisa Kohl hire Projet "Erre" besteet aus zwou Fotoserien, iwwer Mënschen an Nout, plus eng Video-Installatioun vu Miereswellen, déi iwwer de Plaffong schaimen. An engem Reportage huet d'Kënschtlerin d'Wierk beschriwwen. D'Kerstin Thalau ass awer zu Arles och nach méi iwwer der Lisa Kohl hir Approche gewuer ginn.