arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng musikalesch Karriär am Schied
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
De 4. August 1930 stierft de Siegfried Wagner. De Jong vum Komponist Richard Wagner hat e Liewe voller Ofwiesslung: Als Dirigent ass hien op Tournéeë gaangen, an als Direkter vun de Bayreuther Festspiller huet hien de Stëbs vun de méi traditionellen Opféierunge geblosen. Och als Komponist huet hien deen een oder anere Succès gefeiert. Aus dem Schied vu sengem Papp konnt hien domat awer net klammen. Haut kennt kaum méi ee seng Musek.