Klassik aktuell
Zwee Wonnerkanner begéine sech
7 min
Scho mat siwe Joer hat hien de Status vun engem Wonnerkand. Hien huet komponéiert an ass als Solist mat Orchesteren opgetrueden, hien ass fréi an Italie gereest a fréi ass hien och gestuerwen. Trotz sengem kuerze Liewen huet hien a senger Karriär vill erreecht. Rieds ass net vum Wolfgang Amadeus Mozart, mee vum Thomas Linley junior, deen haut, wéinst de grousse Parallellen zum Salzburger Museksgenie als englesche Mozart bekannt ass. Béid Komponisten a Wonnerkanner hunn awer net nëmme parallel zouenee gelieft, mee hir Weeër hu sech och eng Kéier gekräizt. Dës Renconter war esou besonnesch, datt se op engem Bild veréiwegt gouf.
De Luc Boentges kuckt um 243. Doudesdag vum Thomas Linley junior zeréck op dës kuerz Episod aus dem Liewe vun den zwee Wonnerkanner.