arrow_back_ios
Kultur
Den ECTO invitéiert an d'Open-Air-Gallery Ettelbréck
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Bis den aachten August verwandele fofzéng Street-Art-Kënschtler aus allen Häre Länner d'Piliere vun der Ettelbrécker Däichbréck an eng Open-Air-Gallery. Invitéiert huet si den Ettelbréck City Tourist Office, kuerz ECTO. D'ECTO-Ekipp ass zanter 2017 domat beschäftegt, Konscht a Kultur fir de breede Public méi accessibel ze maachen. Eng Summer-Aktioun am ëffentleche Raum huet hir dofir ideal geschéngt. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der ECTO-Managing-Director Nathalie Reckinger.