Klassik aktuell
D'Lucrezia Borgia
10 min
Si war Konschtmäzenin an eng gewieft Politikerin: D'Lucrezia Borgia gehéiert zu deene ville staarke Fraen, déi an der Renaissance hiert Wuert an der Politik ze soen haten. Duerch d'Bestietnes mam Alfonso d'Este gëtt d'Lucrezia Borgia Comtesse vu Ferrara a gehéiert domadder zu enger vun deene bedeitendsten italieenesche Famillen - wat hirem Papp, dem Poopst Alexander VI. beschtens an de Krom gepasst huet. Der Lucrezia Borgia hiren Interessi fir d'Konscht bréngt et mat sech, datt 1503 ee vun deenen dichtegste Komponiste vun deemools op Ferrara engagéiert gëtt: de Josquin des Prés.