arrow_back_ios
Klassik aktuell
Net ëmmer esou populär
Bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert war dem W.A. Mozart senge Sérénade Nr. 13 just eng vu ville Kompositioune vum Salzburger Meeschter. Seng Opere ware bekannt a beléift, seng Symphonië goufe vill gespillt. Eng Filmbiographie iwwer de Komponist vun 1939 mam Titel "Eine kleine Nachtmusik" huet aus der Sérénade eent vun deene bekanntste Stécker aus der klassescher Musek gemaach - déck 150 Joer nodeems de Mozart, den 10. August 1787, de leschten Taktstréch hanner d'Partitur gesat hat.