arrow_back_ios
Klassik aktuell
99 Joer Nei Musek
De BBC Symphony Orchestra, de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, den Ensemble Moderne, den Arditti String Quartett an den Ensemble Intercontemporain: All dës Formatiounen, an nach eng ganz Partie méi waren am Joer 2000 zu Lëtzebuerg un de World New Music Days vun der International Society for Contemporary Music bedeelegt. Dës Organisatioun, déi gären och emol als d'United Nations vun der zäitgenëssescher Musek beschriwwe gëtt, feiert haut (11.8.) hiren 99. Gebuertsdag. Grond Genuch fir de Luc Boentges e Bléck op dës Gesellschaft ze werfen.