arrow_back_ios
Klassik aktuell
Pëttener Summer Nights
Am Pëttener Schlass souzen iwwer Joerhonnerten dichteg Hären, déi virun allem am Mëttelalter eng Roll an der Lëtzebuerger Geschicht gespillt hunn. Zanter 1947 gehéieren d'Schlassruinen dem Staat, an déi aktuell Häre si fir déi nächst Weekender d'Membere vun der ASBL Kultur 21. Studenten an de Fächer Kulturmanagement a Kommunikatioun hu sech zesummegedoen, fir e Festival op d'Been ze stellen an d'Kultur am ländleche Raum ze beliewen: d'Pëttener Summer Nights.