Klassik aktuell
Zeréck op Condé
Iwwer 1.000 Kilometer war de Josquin des Prés gereest, bis hien am Mee 1504 vu Ferrara erfort zu Condé-sur-l'Escaut ukoum. D'Stad läit an Nordfrankräich, no un der belscher Grenz war dacks a politesch a militäresch Konflikter verwéckelt. De Josquin kënnt als unerkannte Komponist, kritt d'Stellung vun engem Prévost, verbonne mat uerdentleche Finanzen, engem Staff u Personal an - musikalesch gesinn - engem respektabele Vokalensembel. Condé ass déi lescht Etapp am Globetrotterliewe vum Josquin des Prés. De Komponist lieft nach 17 Joer an der Stad a stierft de 27. August 1521.