Klassik aktuell
Wonnerkand an äifrege Schaffert
"Voyager, lire, voir des œuvres d'art, tout cela aussi, c'est de la musique !" - fir e Jules Massenet war Musek einfach alles. An esou huet de Jules Massenet och an all Genre komponéiert, ass virun allem awer als de groussen Operekomponist aus der franséischer Romantik bekannt. D'Konditioune fir de Massenet waren net schlecht. Hien hat quasi d'Bün fir sech. 1875 geet zu Paräis d'Opéra Garnier op. Mat 33 Joer war de Jules Massenet am beschten Alter fir reegelméisseg kënnen nei Wierker ze liwweren. Déi lescht Oper vum Jules Massenet, déi nach zu senge Liefzäiten uropgeféiert gouf, war "Roma" - am Februar 1912 an der Opéra zu Monte-Carlo. Den 13. August 1912 stierft de Jules Massenet.