arrow_back_ios
Klassik aktuell
Paganini vum Norden
Mat 12 Joer konnt den Ole Bull schonn anstandslos dem Niccolò Paganini seng kniwweleg 24 Capricë spillen. Den norwegesche Museker huet sech schëtzeg als ee vun deene grousse Geiiste vum 19. Joerhonnert en Numm gemaach mat Tournéeën uechter ganz Europa a fënnef Concertsreesen an d'USA. Den Ole Bull huet sech dernieft staark fir déi norwegesch Musek a Kultur engagéiert. De 17. August 1880 stierft den Ole Bull als eng héich unerkannt Perséinlechkeet vum norwegesche Kulturliewen.