arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Entrée mat Saint-Saëns a Chopin
Zwielef Concerte stinn tëschent dem 20. an dem 29. August 2021 beim Konz Musik Festival op der Affiche. Um Programm steet Kammermusek a verschiddene Variatiounen, ee Pianosrecital, en Optrëtt vum Luxembourg Jazz Orchestra an och en Orchesterconcert fir Kanner a Jugendlecher.
Den Optakt mécht de Pianist an Directeur artistique Joseph Moog zesumme mam Cellist Alexander Hülshoff, e Freideg den 20. August an der Kierch St. Nikolaus zu Konz. Um Programm vun dëser musikalescher Entrée stinn d'Komponiste Camille Saint-Saens a Frédéric Chopin.