Kultur
Dem William Kentridge seng Aarbechtsphilosophie
De Südafrikaner William Kentridge ass haut ee vun de bedeitendsten zäitgenëssesche Kënschtler. Besonnesch bekannt si seng mat Kuel gezeechent Animatiounsfilmer, riseg Rauminstallatiounen, déi op der dokumenta oder der Biennale zu Venedeg ze gesi waren, iwwer déi déi ganz Mënschheetsgeschicht mat hiren Ups and Downs defiléiert.
Der Mudam-Directrice Suzanne Cotter war et gelongen, de William Kentridge op Lëtzebuerg ze invitéieren. Seng interdisziplinär Konscht presentéiert hie bis Enn des Mounts am Mudam, am Hierscht och nach emol an der Philharmonie. Den Dramaturg Olivier Ortolani ass vum William Kentridge méi iwwer seng Aarbechtsphilosophie gewuer ginn.