arrow_back_ios
Klassik aktuell
Meeschter vun den Nouten
De Schluss vu sengem Liewen huet de Josquin des Prés an der Stad Condé-sur-l'Escaut am Norde vu Frankräich verbruecht. Obwuel de Komponist sech niddergelooss hat, hu seng Noute weiderhin de Wee uechter Europa fonnt a konnten ëmmer erëm begeeschteren. De Martin Luther huet de Josquin des Prés als Meeschter vun den Noute bezeechent an d'Margarete vun Éisträich huet dem Komponist seng Partiture genotzt fir sech bei anere Kinnekshaiser ze profiléieren.