arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Wierk mat zwou Uropféierungen
Den 23. August 1913 steet déi éischt Uropféierung vum Sergei Prokofiew sengem zweete Pianosconcerto um Programm. Wärend de Komponist als Solist um Piano sëtzt, spléckt hien d'Meenung vun de Kritiker am Sall. Déi zweet Uropféierung zéng Joer méi spéit geléngt besser. D'Partitur vum Orchester war verluer gaangen an de Prokofiew huet se misse rekonstruéieren. Dobäi ännert hien esou vill, datt hien net méi vun enger Rekonstruktioun, mee vun enger neier Kompositioun schwätzt.