Klassik aktuell
E Concert zu Éiere vum Bernard Minier
Zanter e puer Joer well ginn zu Iechternach d'Ballades du Carillon organiséiert. Ëmmer mëttwochs um hallwer sechs huet een dobäi d'Geleeënheet d'Klackespill vun der Basilika am Kader vun engem Concert ze héieren. Haut (25.08.) steet dee leschten Optrëtt vun der Serie 2021 op der Affiche, an dofir huet sech de Carilloneur Fabrice Renard eppes ganz Besonnesches ausgeduecht. Um Programm sti sechs eege Kompositiounen iwwer Personnagen aus Romaner vum Bernard Minier, en Auteur, deen de Concert sur Place wäert suivéieren.
De Luc Boentges huet sech mam Fabrice Renard getraff, fir méi iwwer dësen Optrëtt gewuer ze ginn.