Radioen

On air

9 bis 1  |  Reuben James - Own Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Ënner dem Titel "Die Taliban und der Tod" informéiert d'Tageblatt haut iwwer déi geféierlech Flucht vun Afghanen iwwer d'Tierkei an Europa. D'Reporterin Liz Cookman ass fir d'Tageblatt an den Oste vun der Tierkei gereest, wou nei Griewer ouni Nimm géifen entstoen.


Ëm déi regional Relatioune virun an nom Muechtwiessel an Afghanistan schreift d'Lëtzebuerger Wort: hei et geet ëm déi geopolitesch Konsequenzen.


Wéi kann d'Pandemie als Basis fir léisungsorientéiert Usätz a fir nohaltegt Léiere betruecht ginn? Mat dëser Fro beschäftegt sech de Lëtzebuerger Journal an engem laange Gespréich mam Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit.


De Serge Kesseler mat der Presserevue

Episoden

Editioun 08:15

Kee Business as usual an der Geschäftswelt, ee legitimmen Interêt un Informatioun an elektresch ënnerwee mat engem 40 Tonner, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Kee Business as usual an der Geschäftswelt, ee legitimmen Interêt un Informatioun an elektresch ënnerwee mat engem 40 Tonner, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Weekend-Editioun

Sozialwunnengen zu Altréier, eng nei energetesch Communautéit zu Biekerech, a fréier Busschaufferen vum TICE - dat si Sujeten an der nationaler Press um Weekend.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Den Interêt un der Lëtzebuerger Sproch, de Jean-Claude Hollerich als Poopstkandidat an den Accès op ëffentlech Dokumenter: eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

De Bremser Bettenduerf ass fort, de Jean Claude Hollerich als Poopstkandidat an e schlechten Zoustand vun eise Baachen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Verschwörungstheorien an der Chamber, laang Delaie bei Presseufroen a 5 Stären a Vue op d'Péitruss, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Verschwörungstheorien an der Chamber, laang Delaie bei Presseufroen an e Sträit ëm Zebrasträifen an der Stad, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vun 8.15

Mat de Sujete Poopst François, Handwierk, Droits d'auteuren an Ouschtermarsch
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

Mat de Sujete Poopst François, Handwierk, Droits d'auteuren an Ouschtermarsch
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Mat Réckblécker op de verstuerwene Poopst François
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

Mat Réckblécker op de verstuerwene Poopst François
headphones

3 min

play_arrow

Podcast-Tip: Chronologie vun der Caritas-Affär

Nei Serie am Zeenewiessel
headphones

3 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

Déi geschriwwe Press beschäftegt sech mam Handyverbuet an der Grondschoul an der Friddensbeweegung.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8:15

Amerikanesch Reaktiounen zu Lëtzebuerg, déi repressiv Politik aus dem Inneministère an e Finanzfong, dee kee gebraucht huet, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Amerikanesch Reaktiounen zu Lëtzebuerg, déi repressiv Politik aus dem Inneministère an e Finanzfong, dee kee gebraucht huet, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

Radikaliséierung am Netz, Sécherheet um Vëlo an d'Gefor vu Spillsucht, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng App fir méi Weed, Kritik un der Stater Verkéierspolitik an e Geheimdéngschtmataarbechter, deen net Recht kritt huet.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

Waasserstoff als Energiequell zu Lëtzebuerg, d'Urgencen an de Spideeler, Liewensmëttelallergië bei Kanner an d'Glécksspiller déi boomen, dat sinn Theemen de Moien an den Zeitungen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Lëtzebuerger Zeitungen hu sech bis elo nach zeréckgehalen, dat mierkt een haut, wann een d'Kommentare liest, en Dag nodeems bekannt gouf, datt d'USA envisagéieren, hir Ambassade hei zouzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Lëtzebuerg ass keng Insel méi an der organiséierter Kriminalitéit a Lëtzebuerg soll och eng Roll spillen am Rohstoffhandel an am Kongo-Konflikt
headphones

5 min

play_arrow