Klassik aktuell
De Britt Ralph Vaughan Williams
De Britt Ralph Vaughan Williams gehéiert zu där Generatioun vu Komponisten, déi déi englesch Musek an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert nees international en Numm a Stil ginn hunn. Vill vu senge Wierker goufe vun der Volleksmusek inspiréiert. Allerdéngs war de Vaughan Williams e Mann, dee sech fir Villes interesséiert an dëst a seng Musek erafléisse gelooss huet. Net seelen huet hien och fir grouss Documentairë Musek passend zum Bild a Stëmmung komponéiert. Musek, déi hien dunn nees inspiréiert huet, fir sinfonesch Wierker.
De Ralph Vaughan Williams ass de 26. August 1958 am Alter vu 85 Joer gestuerwen. De Manuel Ribeiro huet e Portrait vum Komponist skizzéiert.