arrow_back_ios
Klassik aktuell
Cathy Krier spillt Ligeti
18 Etüde fir Piano huet de György Ligeti tëschent 1985 an 2001 geschriwwen. Dës technesch komplizéiert Wierker proposéiert d'Cathy Krier elo op hirem neien Album beim Label Avi.
Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt d'Pianistin iwwer de Programm, den Challenge dës Etüden ze spillen an déi schwiereg Ëmstänn, an deenen dësen Album entstanen ass.