Klassik aktuell
Dem Rameau säi Pygmalion
Nodeems de Genre Tragédie lyrique Mëtt vum 18. Joerhonnert beim Public keen Echo méi fënnt, musse sech d'Komponisten nei Forme vun Ënnerhalung schafen. Esou och de Jean-Philippe Rameau, deen a Frankräich bis dohin als de Meeschter vun der Tragédie lyrique gegollt huet.
"Pygmalion" vum Rameau sollt dunn als Acte de Ballet representativ fir eng nei Form ginn. Domat sollt de franséische Komponist nach eng Partie Jore vill Succès op der Bün feiere kënnen. "Pygmalion" gouf de 27. August 1748 an der Académie Royale de Musique zu Paräis uropgeféiert.
De Manuel Ribeiro huet sech fir "Pygmalion" vum Rameau interesséiert.