arrow_back_ios
Klassik aktuell
One-Hit-Wonder
Den éischte September 1653 gëtt de Johann Pachelbel gebuer. Säi Liewe laang mécht hie Musek, hie gëtt als Organist bekannt, ass gutt befrënnt mam Johann Sebastian Bach an hie soll souguer wärend dem Sange gestuerwe sinn. Trotz senge vill Kompositiounen a Meritten, ass hien haut dank just engem Wierk bekannt: Sengem Kanon a Ré Majeur. De Luc Boentges kuckt elo zeréck op d'Liewe vun dësem talentéierte Museker.