Klassik aktuell
Dem Richard Wagner seng Muse
De Richard Wagner war a sengem Liewen zwee mol bestuet an hat eng sëlleg Libesaffairen. De Bréiwer no déi nach iwwerliwwert sinn soll dem Komponist seng eenzeg grouss Léift a Muse d'Mathilde Wesendonck gewiescht sinn, d'Fra vun engem Meszen vum Wagner, den Otto Wesendonck.D'Mathilde Wensendonck selwer war Dichterin a Schrëftstellerin. Si war och di grouss Inspiratioun fir d'Oper Tristan und Isolde wéi och zu den Wesendonck-Liedder déi op der Dichterin hir Texter baséieren.
D'Mathilde Wesendonck ass den 31. August 1902 gestuerwen an de Manuel Ribeiro huet sech fir verschidden Episoden am Liewen vun der Dichterin interesséiert.